← All Neiegkeeten

Biergernoheet an Transparenz – nëmmen um Pabeier?

De 5. Juli 2026 um 20:34 Auer hunn ech de Schäffe Muhovic iwwer Messenger gefrot, ob et méiglech wier, eng Schäfferotserklärung 2023–2029 vun der LSAP ze kréien.Seng Äntwert war – ech zitéieren:„Salut Patrick,…

De 5. Juli 2026 um 20:34 Auer hunn ech de Schäffe Muhovic iwwer Messenger gefrot, ob et méiglech wier, eng Schäfferotserklärung 2023–2029 vun der LSAP ze kréien.

Seng Äntwert war – ech zitéieren:

„Salut Patrick, wanns de wëlls, fro se beim Buergermeeschter un 👌“

Genee dat hunn ech den Dag drop och gemaach. Ech hunn dem Buergermeeschter eng schrëftlech Ufro geschéckt an ëm déi entspriechend Erklärung gebueden. Bis haut, den 24. August 2026, hunn ech awer keng Äntwert kritt.

Leider ass dat fir mech mëttlerweil näischt Ongewéinleches méi. Ëmmer nees ginn Ufroen un déi Verantwortlech geriicht, an ëmmer nees muss ee laang waarden oder kritt iwwerhaapt keng Reaktioun.

An da schwätzt de Schäfferot ëmmer nees vu Biergernoheet, Transparenz, oppener Kommunikatioun an Dialog mat de Bierger.

Mee wéi soll een dat eescht huelen, wann eng einfach schrëftlech Ufro iwwer Wochen ouni Äntwert bleift?

Et geet hei net ëm eng komplizéiert juristesch Fro oder eng ëmfangräich Etüd. Et geet ëm en Dokument, dat d'politesch Ziler an d'Prioritéite fir d'Period 2023–2029 soll duerstellen an dat fir d'Bierger vun ëffentlechem Interessi ass.

Wann ee wierklech Transparenz wëll, da sollt et selbstverständlech sinn, esou Dokumenter op Ufro zur Verfügung ze stellen oder op d'mannst dem Bierger eng kuerz Äntwert ze ginn.

Biergernoheet weist sech net a schéine Wierder oder op Facebook-Posts. Si weist sech doranner, wéi een op konkret Ufroe vun de Bierger reagéiert.

An an dësem Fall muss ech leider feststellen:
Bis haut keng Äntwert.

Dat ass net nëmmen enttäuschend, mee virun allem traureg fir eng Gemeng, déi sech gären als transparent a biergerno duerstellt.