Wien an de leschte Méint d’Sëtzunge vum Rëmelenger Gemengerot verfollegt huet, huet séier gemierkt, datt ëmmer nees vu sougenannte „Rumeuren“ geschwat gëtt.
Mee et ass net nëmmen d’Oppositioun, déi sech Froen stellt. Och vill Biergerinnen a Bierger aus eiser Stad wëlle wëssen, ob hei alles transparent, gerecht an no de selwechte Reegele behandelt gëtt.
Ausgangspunkt vun der Diskussioun ass d’Ënnerstëtzung vun enger jonker Rëmelenger Geschäftsfra, déi e Café bedreift. An dësem Gebai sollen och dräi Wunnunitéite sinn. Trotzdeem krut déi eleng liewend Fra vum Schäfferot eng provisoresch Noutwunneng mat zwee Schlofzëmmeren zur Verfügung gestallt.
Dofir stelle sech berechtegt Froen:
Firwat krut eng eleng liewend Persoun eng Wunneng mat zwee Schlofzëmmeren? Firwat gouf hir keng méi kleng Noutwunneng, zum Beispill am Penning, zougewisen? No wéi enge Krittäre gouf dës Decisioun geholl? A gëllen déi nämmlecht Krittäre fir all Bierger?
Amplaz dës Froen sachlech an transparent ze beäntweren, gouf d’Diskussioun op Facebook souguer nach mat engem Bild vum Buergermeeschter am Café kommentéiert. Do gouf en neie Cocktail mam Numm „Les Rumeurs“ presentéiert, deen de Buergermeeschter mat engem Glas an der Hand soll geschmaacht hunn.
Dat mag als Humor geduecht gewiescht sinn. Mee wann an der Bevëlkerung eescht Froen iwwer Gemengewunnengen, Mietkonditiounen a méiglech Virdeeler bestinn, ass esou eng Provokatioun net onbedéngt déi passend Äntwert.
An der leschter Gemengerotssëtzung gouf de Mietvertrag (Noutwunneng) vun der Majoritéit elo ëm weider zwee Joer verlängert.
An dofir nach eng Kéier zum Thema „Les Rumeurs“:
Rumeuren entstinn dacks do, wou et u kloeren Informatiounen an Transparenz feelt. Et wier also um Schäfferot, d’Decisiounen, d’Krittären an d’Ënnerstëtzungen oppen ze erklären.
D’Bierger hunn e Recht op Äntwerten. Froen ze stellen ass keng Hetz an och keng Rumeur – et ass demokratesch Kontroll.
