⚠️ Sécherheet beim Centre culturel – muss fir d’éischt eppes geschéien?
Ech hunn leider nees misse feststellen, datt d’Terrass am Haff hannert dem Centre culturel nach ëmmer iwwer kee Gelänner respektiv keen adequate Schutz géint Ofstierze verfügt.
Mir schwätzen hei net vun enger klenger Onreegelméissegkeet, mee vun enger Ofsturzkant vun deelweis méi wéi engem Meter. E falsche Schrëtt, e Stolperen oder eng onglécklech Bewegung kann duergoen, fir datt eng Persoun schwéier fält a sech am schlëmmste Fall liewensgeféierlech verletzt.
An do stellt sech eng ganz einfach Fro un déi Verantwortlech vun der Stad Rëmeleng:
👉 Firwat ass dës Geforquell nach ëmmer net ofgeséchert?
Besonnesch erstaunlech ass, datt d’Gemeng jo e Sécherheetsbeoptragten huet, deem seng Aufgab et ënner anerem ass, op Sécherheetsrisiken opmierksam ze maachen an dozou bäizedroen, datt Geforquellen erkannt a behuewe ginn.
Dofir muss een sech och d’Fro stellen:
👉 Ass dës Plaz schonn duerch de Sécherheetsbeoptragte kontrolléiert ginn?
👉 Wann jo, wéi ass seng fachlech Bewäertung vun dëser Situatioun?
👉 A wann net, firwat ass esou eng offensichtlech méiglech Geforquell bis haut net opgefall?
Bei kommunale Gebaier sollt d’Gemeng eigentlech mam gudde Beispill virgoen. Sécherheetsvirschrëfte sinn net do, fir eréischt no engem Accident nozedenken, ob een eventuell hätt missen handelen.
No mengem Wëssensstand muss bei esou enger Ofsturzhéicht e passenden Ofsturzschutz virgesi ginn. Wann de Schäfferot der Meenung ass, datt déi aktuell Situatioun allen Normen a Sécherheetsbestëmmungen entsprécht, da soll en dat och transparent a fachlech begrënnt erklären.
D’Fotoe schwätze jiddefalls fir sech.
Et kann net sinn, datt Bierger ëmmer erëm op méiglech Geforquellen op kommunalem Terrain hiweise mussen, obwuel d’Gemeng déi néideg Servicer an och e Sécherheetsbeoptragten huet.
Firwat muss ëmmer eréischt e Bierger op esou Situatiounen opmierksam maachen?
Sécherheet ass keng Fro vu Politik oder Parteifaarf. Et ass eng Verantwortung vis-à-vis vun all Mënsch, deen dës ëffentlech Raimlechkeete benotzt.
Et soll net eréischt gehandelt ginn, wann en Accident geschitt ass.
📸 Kuckt d’Fotoen a maacht Iech selwer e Bild.
Bemerkung
Die aktuell geltende ITM-SST 1500.4 – Définitions générales, Version vom 19. Dezember 2024, bestimmt unter Artikel 2, Punkt 24 „Garde-corps et rampes d’escalier“, dass Geländer und Absturzsicherungen insbesondere an erhöhten Plattformen und anderen Stellen vorzusehen sind, an denen eine Absturzgefahr von mehr als einem Meter (h > 1 m) besteht.
Bei einer festgestellten Absturzhöhe von ca. 1,10 m wäre diese Grenze somit überschritten.
Darüber hinaus bestimmt die ITM-SST 1501.6 – Bâtiments bas, Version vom 19. Dezember 2024, unter Punkt 6.5.1, dass unter anderem erhöhte Plattformen sowie sämtliche anderen Stellen, an denen eine Absturzgefahr besteht, durch ein Geländer („garde-corps“) zu schützen sind.
Unter Punkt 6.5.2 wird festgelegt, dass solche Geländer bei Absturzhöhen bis 12 Meter grundsätzlich eine Höhe von 1,00 Meter aufweisen müssen. Sie müssen zudem so ausgeführt sein, dass Personen – einschließlich Kinder – nicht darüber klettern, hindurchfallen oder sich darauf setzen können.